Gemeng Gréiwemaacher
Gemeng Gréiwemaacher | |
---|---|
D'Stadhaus vu Gréiwemaacher | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Grevenmacher de: Grevenmacher |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Gréiwemaacher |
Chef-lieu | Gréiwemaacher |
Buergermeeschter | Monique Hermes (CSV) |
Awunner | 5.092 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.648 ha |
Koordinaten |
49° 40’ 45’’ N 6° 26’ 34’’ O |
LAU-Code | LU1104 |
Websäit | https://grevenmacher.lu/ |
D'Gemeng Gréiwemaacher ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. Op den 1. Januar 2023 hat se 5.092 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Gréiwemaacher vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng[1][edit | edit source]
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Lieu-diten:
Geographie[edit | edit source]
Gréiwemaacher läit um lénksen Uwänner vun der Musel. Et ass eng Wënzerstiedchen an op sengen Häng fënnt een och Uebstplantagen. D'Fläch vun der Gemeng ass 16,48 km2, dovu si 650 ha Bëscher a 57 ha Wéngerten.
Geschicht[edit | edit source]
- 1252 krut Gréiwemaacher vum Heinrich V. de Fräiheetsbréif.
Entwécklung vun der Awunnerzuel[edit | edit source]
Quell:STATEC
Wopen[edit | edit source]
Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'argent et d'azur au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir, à une clef d'argent posée en sautoir, à une clef d'argent posée en barre, le panneton en haut, brochant sur le tout. L'écu sommé d'une couronne murale de cinq tours au naturel, maçonné de sable. |
Politik[edit | edit source]
De Gemengerot vu Gréiwemaacher gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | PPL |
---|---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 5 | - | 2 | - |
2005 | 4 | 4 | 1 | 2 | - |
2011 | 4 | 3 | 2 | 2 | - |
2017 | 5 | 3 | 1 | 2 | - |
2023 | 5 | 3 | 1 | 2 | 0 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren[edit | edit source]
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- Pierre Lessel (1844)[2]
- ...
- Pierre Muller-Walse (ëm 1856)
- ...
- Jean-Baptiste Knaff (1869-1874)[3]
- ...
- Joseph Keiffer (1880 - 1883)
- Théodore Waldbillig (ëm 1890)
- ...
- Pierre Godart (1908 - 1920)[4]
- ...
- Victor Prost (1929 - 1959)
- ...
- Jean-Pierre Urwald (1970 - 1976)
- Victor Braun (1976 - 1987)
- Norbert Konter (1988 - 1999)
- Robert Stahl (2000 - 2011)
- Léon Gloden, CSV (2011 - 2023)
- Monique Hermes, CSV (zanter 2023)
Kuckeswäertes[edit | edit source]
- Kulturhuef
- Cinémaacher
- Spillkaartemusée Jean-Dieudonné
- Nationalen Dréckereimusée
- Päiperleksgaart
- Staustuf Gréiwemaacher-Wellen
- Dekanatskierch Sankt Laurentius
- Kräizkapell um Kräizerbierg
Partnerschafte mat auslännesche Stied[edit | edit source]
- Aubière am franséischen Departement Puy-de-Dôme
Interkommunal Syndikater[edit | edit source]
D'Gemeng Gréiwemaacher ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Illustratiounen[edit | edit source]
-
Déi al Gemeng Gréiwemaacher
Kuckt och[edit | edit source]
- C.S. Gréiwemaacher
- Naturschutzgebitt Kelsbaach
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Gréiwemaacher
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[edit | edit source]
Commons: Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Gréiwemaacher
- D'Gemeng Gréiwemaacher op der Websäit vum Syvicol
- Maacher Kulturhuef
Referenzen[edit source]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Landarzt vor 100 Jahren. Artikel am Lëtzeburger Land vum 9 September 1969, Säit 3
- ↑ Kuerz Biographie vum Pierre Godart op www. http://www.roscheiderhof.de